
Sechs Dokteren aus de Servicer vun der Chirurgie Orthopédique a vun der Médecine du Sport am CHL erhiewe grave Reprochë géint e Confrère aus den Hôpitaux Robert Schuman. An engem Bréif un d’Direktesch vum CHL, deen RTL virläit, ass ze liesen, dass den Dokter soll onnéideg Operatiounen um Knéi gemaach hunn. D’Patiente sinn duerno am CHL gelant. D’Hôpitaux Robert Schuman hunn en Dënschdeg am Nomëtteg decidéiert, fir de Chirurg provisoresch intern ze suspendéieren.
Den 6. Januar ass e Bréif un d’Generaldirektesch vum CHL Dr Martine Goergen gaangen. Dora steet, dass hir Servicer zanter 2023 mat enger ganzer Rei Patiente confrontéiert goufen, déi zwar fir eng Rekonstruktioun vum viischte Kräizband [plastie du LCA, du ligament antérieur croisé, ndlr.] operéiert goufen, mä wou sech duerno erausgestallt huet, dass hiert Kräizband eigentlech intakt war, also déi Zort Operatioun guer net néideg gewiescht wier. Rieds ass vu 15 Patienten, bei deenen et grouss Divergenzen tëscht der Anamnese, dem klineschen Examen vum Patient, de preoperative Biller an duerno der chirurgescher Interventioun goufen. 10 vun deenen 15 goufen also operéiert, obwuel et net néideg war.
Vun deenen 10 hu verschiddener duerno nach eng Kéier missten operéiert ginn, well d’Resultat vun der éischter OP net zefriddestellend war. De Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman Dr Marc Berna huet de Bréif den 9. Januar kritt, sou heescht et vum Responsabele vun der Kommunikatioun. De Marc Glesener erkläert, dass sech hei u gesetzlech Reglementer an aarbechtsrechtlech Bestëmmunge muss halen.
“Et ass hei direkt intern sech mat dem Dossier beschäftegt ginn an eng Prozedur agelaut ginn. Dat ass eng kontradiktoresch Prozedur, wou natierlech och den betraffenen Dokter muss gehéiert ginn. Net nëmmen den Dokter gëtt gehéiert, mee an déi Prozedur ass och eng Direction médicale an e Conseil médical mat agebonnen. [...] Et geet ëm d’Sécherheet hei vun de Patienten. Et geet ëm d’Rechter, déi jiddwereen huet, fir Stellung ze bezéien. A mir huelen déi Saach ganz eescht.”
Déi sechs Confrère vum orthopedesche Chirurg hunn de Bréif geschriwwen, well si sech gezwonge gesinn, hiren Aarbechtskolleeg ze denoncéieren, fir zukünfteg Patienten ze schützen. Déi lescht OP vum accuséierten Dokter ass nach guer net sou laang hier, kuerz virun der Chrëschtvakanz 2025, esou ass ze liesen. Huet de Chirurg eigentlech nach operéiert, zanter dass d’Direktioun vun den Hôpitaux Robert Schuman Bescheed wosst? Dozou de Marc Glesener:
“Deen huet wärend der Zäit, wa meng Informatioune richteg sinn, zwou Operatioune gemaach. Déi Phas war eng, wou natierlech den Dossier hei nogekuckt ginn ass. [...] Also fir d’Hôpitaux Robert Schuman ass eng Saach ganz wichteg: eng Klinik, dat muss e Raum vu Sécherheet a vu Vertraue sinn. Fir d’Patienten, déi bei eis natierlech am Mëttelpunkt stinn, an och fir d’Dokteren. Dofir ass eis dru geleeën, dat glaskloer hei nogekuckt gëtt, wat geschitt ass, wat un deen Fäll drun ass. [...] Dat ass wichteg souwuel fir d’Patienten awer och fir den betraffenen Dokter.”
De Chirurg gouf also intern bei den Hôpitaux Robert Schuman suspendéiert. Dat temporär, par mesure de précaution, sou heescht et en Dënschdeg de Mëtteg nach vum Marc Glesener.
Den Dossier läit aktuell och bei der Gesondheetsministesch Martine Deprez. Dat krut RTL en Dënschdeg de Moie via Email confirméiert. Et wiere verschidde Faiten u si erugedroe ginn, déi elo opgrond vu legalen Dispositiounen, déi am Dokteschgesetz virgesi sinn, analyséiert ginn, sou heescht et. RTL-Informatiounen no wier dat en Vue vun enger méiglecher temporärer Suspensioun vum Dokter. Domat dierft hien dann och net méi ausserhalb vum Spidol exerzéieren. D’Ministesch ka sech do op d’Gesetz vum 29. Abrëll 1983 beruffen, wat nach eemol am August 2023 geännert gouf.* Doran ass am Kapitel 3, Artikel 16, Paragraph 2 präziséiert, dass eng Suspensioun vun 3 Méint ka geschwat ginn, wann och bewisen ass, dass den Dokter mam Exercice vu sengem Beruff zukünfteg Patiente kéint a Gefor bréngen. Et schwätzt Een hei vum “péril en la demeure”.** RTL-Informatiounen no soll d’Ministesch nach am Laf vun dëser Woch eng Decisioun huelen. Weideren Informatiounen no hätt och den Collège médical den Dossier vum Chirurg virleien. Dëse Gremium huet bis ewell awer nach net op eis Nofro geäntwert.
*Loi modifiée du 29 avril 1983 concernant l’exercice des professions de médecin, de médecin-dentiste et de médecin-vétérinaire.
** “S’il y a péril en la demeure, lorsque la poursuite de l’exercice professionnel par un médecin ou un médecin-dentiste risque d’exposer la santé ou la sécurité des patients ou de tiers à un dommage grave, le ministre peut, sur avis du Collège médical et l’intéressé dûment mis en mesure de présenter ses observations, suspendre avec effet immédiat le droit d’exercer ou le soumettre à certaines restrictions. La décision de suspension doit être motivée et ne peut dépasser trois mois. Avant l’expiration de ce délai le ministre, sur base d’un rapport d’expertise tel que prévu au paragraphe qui précède, décide soit de restaurer l’intéressé dans son droit d’exercer, soit de prolonger la mesure de suspension, soit de prononcer le retrait de l’autorisation d’exercer.”