
De Joresinflatiounstaux geet am Mee domat vu 7 op 6,8 Prozent zeréck. Datt den Index zeréck geet, erkläert sech duerch d’staatlech Interventioun bei de Reseauskäschte vum Gas, sou datt de Präis vum Std-Gas ëm e Fënneftel erofgaangen ass.
Op der Pompel klammen d’Präisser awer weider: 3 Prozent fir den Diesel a souguer 6,5 Prozent fir de Bensinn. Den Heizungsmasutt ass ëm 6 Prozent eropgaangen. Am Verglach zum Mee 2020 sinn d’Präisser an der Kategorie “Produits Petrolier” vum Statec souguer ëm 49,7 Prozent geklommen.
Bei de Liewensmëttel war et eng liicht Hausse vun 0,5 Prozent. Virun allem Ueleg (4,8%) a Kaffi (5,9%) si méi deier ginn. Frëscht Geméis ass dogéint ee gudde Krack méi bëlleg ginn (-10,5%). Am Joresverglach sinn d’Liewensmëttelpräisser ëm 5,7 Prozent geklommen. Präisser fir Crèchen an Foyers de jours sinn am Mee ëm 2,4 Prozent geklommen.
Datt eng Indextranche wuel wäert op den 1. Juli erfalen, war en Dënschdeg beim Statec matgedeelt ginn - eng Tranche, déi jo eréischt d’nächst Joer ausbezuelt gëtt.