Planning familialIwwer 4.000 Clientë goufen d’lescht Joer betreit

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend hat de Planning familial hir Generalversammlung, wou och de Rapport fir 2022 virgestallt ginn ass.

Iwwer 4.000 Clientë goufen d’lescht Joer deemno betreit. Dat ass, all d’Aktivitéiten zesummegeholl, e Plus vun 23%. Knapps 11.600 Mol hu sech Doktere vum Planning ëm Patiente gekëmmert. Sou goufen zum Beispill knapp 1.330 Schwangerschaftstester gemaach oder eng sëllege Contraceptiouns-Mëttel verschriwwen.

Och am psycho-soziale Beräich goufen iwwer 1.100 Leit betreit, dorënner och ëm 60 Persounen, déi ënner sexueller Gewalt gelidden hunn. E Groussdeel dovu wier nach net volljäreg gewiescht.

De Planning familial setzt sech och weider derfir an, dass d’Recht op eng Ofdreiwung soll an d’Verfassung ageschriwwe ginn.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO