
Den Täter huet eng Persoun mat engem Messer menacéiert an huet hir 30 Euro ewechgeholl an ass duerno geflücht. D’Affer huet de Mann e bësse méi spéit an engem Bësch nieft dem Boulevard Charles Marx erëmgesinn an d’Police alarméiert.
De Täter konnt duerno gestallt ginn an huet Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.