BeetebuergIwwerfall op en Zeitungsbuttek, Täter hate Messer bei sech

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt en Iwwerfall en Donneschdeg um 15.45 Auer op en Zeitungsbuttek zu Beetebuerg an der Lëtzebuerger Strooss. D'Täter konnte flüchten.

Ënner anerem soll e Messer am Spill gewiescht sinn, mellt d’Police. 3 Persoune ware beim Iwwerfall bedeelegt. Si hu Suen an Zigarette matgoe gelooss, éier se sech duerch d’Bascht gemaach hunn. Eng grouss-ugeluechte Sichaktioun hat keen Erfolleg.

Nom Iwwerfall war et vun der Police d’Recommandatioun am Raum Beetebuerg kee mam Auto matzehuelen. Verdächteg Persoune sollt een dem 113 mellen.

Back to Top
CIM LOGO