An Autoen an an HaiserIwwert de Weekend gouf op enger Partie Plazen uechter d'Land agebrach

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg krut d'Police eng Rei Abréch gemellt.
© RTL Archiv

Dat eng Kéier géint der der Mëtteg an der Rue Dr. Albert Calmette zu Veianen. Hei haten d’Brigangen eng Fënster futtigeschloen, fir sech Zougang zu engem Haus ze verschafen.

E Sonndegowend gouf et dann en Abroch an en Haus an der Rue de la Montagne zu Steenëm. Hei waren d’Täter duerch eng gliesen Dier agedrongen.

D’Police huet a béide Fäll eng Enquête an d’Weeër geleet. Ob eppes aus den Haiser geklaut gouf, geet aus dem Bulletin vun der Police net ervir.

Iwwerdeems goufen der Police eng Partie Déifställ, respektiv versichten Déifställ, aus Gefierer gemellt.

E Sonndegowend haten Onbekannter eng Scheif vun engem Gefier op engem Parking am Stater Gronn ageschloen an dëst duerno duerchwullt. Och hei gouf eng Enquête an d’Weeër geleet.

Géint 3.20 Auer e Méindegmoie krut d’Police dann en Abroch an e Gefier an der Rue Elsy Jacobs zu Garnech gemellt. Eng Patrull vu der Police ass op d’Plaz gefuer a konnt de presuméierten Déif kuerz drop stellen. Et gouf e Protokoll vum Tëschefall erstallt.

Back to Top
CIM LOGO