
Déi Decisioun wier wuel iwwerluecht, schreift de Jens Kreisel. D'intern Regulatioun vun der Uni gesäit vir, datt hien dem Conseil de Gouvernance 18 Méint virum Enn vu sengem Mandat matdeelt, ob hien en zweet Mandat wéilt oder net. Hie bleift deemno nach bis Enn 2027 Rektor. Dono wéilt hie weider an der Recherche schaffen an enseignéieren.