War Conseillere fir déi GréngJosée-Anne Siebenaler-Thill demissionéiert aus dem Käerjenger Gemengerot

RTL Lëtzebuerg
An der Gemengerotssëtzung vum leschte Freideg huet d'Conseillere Josée-Anne Siebenaler-Thill (déi Gréng) hir Demissioun bekannt ginn.
© Gemeng Käerjeng

Wéi an der Matdeelung vun der Gemeng un d'Medien ze liesen ass, gëtt si vu September un vum Roger Lepage (déi Gréng) ersat.

D'Josée-Anne Siebenaler-Thill war iwwer 17 Joer laang Member vum Käerjenger Gemengerot, dorënner iwwer 11 Joer als Schäffen. Eng éischte Kéier am Gemengerot souz si am Februar 2009. D'Gemeng seet der Grénge-Politikerin Merci fir hiren Asaz fir d'Awunner vu Käerjeng.

PDF: Demission Josée-Anne Siebenaler-Thill

Back to Top
CIM LOGO