Vu Lego bis PetziD'Jugend vun der Croix-Rouge schenkt Kaddoen u Kanner a Jugendlecher

RTL Lëtzebuerg
Eng 150 Kanner a Jugendlecher aus prekäre Famillje kënne sech geschwënn iwwer Kaddoe freeën, déi d'Benevolle vun der Jugend vum Roude Kräiz zesummegesammelt hunn.
Jugend vun der Croix-Rouge schenkt Kaddoen u Kanner a Jugendlecher
Eng 150 Kanner a Jugendlecher aus prekäre Famillje kënne sech geschwënn iwwer Kaddoe freeën, déi d’Benevolle vun der Jugend vum Roude Kräiz zesummegesammelt hun

Vu Lego bis Petzie fir kleng Kanner war alles dobäi. All déi Kaddoe si fir iwwer 150 Kanner a Jugendlecher aus prekäre Familljen, déi d’Croix-Rouge beschenke wäert. Hei konnt all Kand sech eppes aus enger Lëscht eraussichen. D’Suen, fir d’Kaddoen ze finanzéieren, goufen dunn um Croix-Rouge-Bazar gesammelt.

Mat de gesammelte Sue goufen d’Kaddoe kaf a mat deem, wat iwwereg ass, ginn och Deeg fir Vakanze-Kolonie finanzéiert. Zu Lëtzebuerg ginn et awer méi wéi 150 Familljen, déi sech d’Kaddoe fir Chrëschtdag net leeschte kënnen, dofir misst hei och eng Selektioun gemaach ginn.

Elo gutt zwou Woche méi spéit sinn déi meescht Kaddoen do a mussen awer nach schéi verpak ginn. Hei gouf, wei och um Bazar, op d’Benevolle gezielt.

D’Kaddoe goufen dunn opgedeelt, fir an déi verschidden Zentere verdeelt ze ginn, esou dass 150 Kanner a Jugendlecher méi ee Kaddo ënnert dem Beemchen kënne léien hunn.

Back to Top
CIM LOGO