
Mir siche véier Kandidatinnen a Kandidaten, fir Reportagë bei de KannaNiuuss ze maachen an och virun der Kamera ze stoen. Lifehacks aus dem Internet iwwerpréiwen, Interviewen hannert de Kulisse vu groussen RTL-Produktioune maachen, Hobbyen a Sportaarten austesten oder mam Mikro an der Hand d’Froe stellen, déi Kanner wierklech interesséieren zu Themen, iwwert déi grad jidderee schwätzt.

Wann dat genee richteg fir dech ass an du eemol de Mount een Nomëtteg Zäit hues, fir mat eis op Reportagen ze fueren, da mell dech un iwwert dëse Formulaire a lued e klenge Virstellungsvideo mat erop. Dësen dierf maximal 1 Minutt laang sinn a maximal 100 MB grouss. Formater, déi akzeptéiert ginn, sinn mp4, mov a wmv.
