Bei Féiz gepëtztKeng gülteg Identitéitsdokumenter, kee gültege Contrôle technique a Fuer- an Openthaltsverbuet a Frankräich

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg ass enger Patrull op der A4 bei Féiz en Auto mat franséische Placken an engem platte Pneu opgefall. Bei der Kontroll waren net all d'Dokumenter an der Rei.
© Laurent Weber

Wéi d’Police schreift, wieren am Ganzen dräi Leit am Auto gewiescht. Bei der Kontroll vun den Dokumenter huet sech erausgestallt, datt de Chauffer weder gülteg Identitéitsdokumenter hat, nach e Contrôle technique fir den Auto. Donieft louch en aktiivt Fuerverbuet a Frankräich géint den Automobilist fir a seng Openthaltsautorisatioun war viru Kuerzem ofgelaf. Beim Bäichauffer hätt ee keng Problemer gehat, dogéint awer bei der drëtter Persoun, déi och keng gülteg Openthaltsdokumenter virweise konnt.

Déi dräi Persoune goufe mat op de Policebüro zu Esch geholl. Den Auto, deen op eng franséisch Staatsbiergerin zougelooss ass, gouf op Uerder vum Parquet saiséiert. Weider Ermëttlunge goufen an d’Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO