D'Police freet ëm HëllefDe Kevin Armand Kirchen gëtt zënter e Samschdeg vermësst

RTL Lëtzebuerg
Informatioune si fir d'Police Museldall.
© RTL / Police

D'Police sicht zanter e Samschdeg nom 31 Joer alen Kevin Armand Kirchen vu Stadbriedemes. De Mann ass e Samschdeg de Moie géint hallwer 6 fir d'lescht op der Gare zu Waasserbëlleg gesi sinn.

De Vermëssten ass tëscht 1,80m an 1,90m grouss, schlank, huet kuerz brong Hoer an e klenge Baart. Wéi e fir d'lescht gesi gouf, hat en e groen T-Shirt an eng kuerz brong Schaffbox un.

All Informatioune si fir d'Police Museldall, dat iwwer Telefon um +352 244 70 1000 oder op police.museldall@police.etat.lu.

© Police

Back to Top
CIM LOGO