Aus dem PolicebulletinKierperverletzung zu Esch, Verhaftung vun Drogendealer an der Stad

RTL Lëtzebuerg
Zu Esch war eng Meenungsverschiddenheet ausgeaart an an der Stad gouf e presuméierten Drogendealer verhaft.

Géint 22 Auer en Donneschdeg gouf eng Persoun no enger Meenungsverschiddenheet mat engem spatze Géigestand gepickt, dat an der Uelzechtstrooss zu Esch. Déi zwee Verdächteg konnte flüchten, d’Affer gouf an d’Spidol ageliwwert. D’Ermëttlunge lafen.

Um Donneschdeg de Moie gouf an der Rue Fort Neippereg an der Stad bei enger Kontroll eng Persoun ermëttelt, déi verdächtegt gëtt, mat Drogen ze handelen. De Parquet huet dës Persoun verhafte gelooss a si koum nach am Laf vum Dag virun den Untersuchungsriichter. 46 Drogebullen a weider Utensilie goufe saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO