
Scho viru 6 Auer goufe wéinst enger "Urgence" déi zwou riets Spueren op der A3 a Richtung Stad gespaart, dat tëscht der Aire de Berchem an dem Zéissenger Kräiz. De Réckstau geet kilometerwäit zeréck, dat bis däitlech hannert déi franséisch Grenz. Dat erkennt ee Recht gutt op der RTL Trafic-Kaart, wou de ganze Beräich donkelrout agefierft ass.
Op Nofro heescht et vum Cita, datt een op der rietser Spuer, also der Busspuer, um Makadamm géif schaffen. Dës Aarbechte wieren net geplangt gewiergt an hätten en Urgence misste duerchgefouert ginn. Esoubal dës Aarbechten ofgeschloss wieren, géif déi zweet Spuer vu riets nees opgoen, déi ganz bausse bleift awer fir den Trafic zou. Vun der Police huet et da géint 7 Auer geheescht, datt een och en Accident an deem Beräich gemellt kritt hätt. Zwee Autoe hätte sech hannert der Aire de Berchem ze pake kritt. Hei wier awer keng Persoun blesséiert ginn.