
Wien haut mat enger Wäermepompel hëtzt, kënnt an der Reegel méi bëlleg ewech, wéi mat enger Gas- oder enger Masuttsheizung. Allerdéngs ass de Wiessel fort vun de fossillen Energien nach ëmmer deier an dacks komplizéiert.
Déi gutt Nouvelle ass, datt et bal iwwerall Sënn mécht, op eng Wäermepompel ze wiesselen. Dat fënnt op d‘mannst de President vun der Federatioun vun den Energieberoder Pol Felten. Hie schätzt, datt bis zu 90 Prozent vun den Haiser kéinte mat enger Wäermepompel equipéiert ginn an dass dës dann och "méi spuersam a rentabel leeft wéi eng Gas - oder Mazoutsheizung".
Ma de Wee dohin ass net ëmmer einfach. Grad wat d‘Reglementatioun ugeet, schéngen nach esou munch Hürden ze bestoen, wéi eng Rei Nolauschterer eis geschriwwen hunn."Eng Wärmepompel ze installéieren ass bal eng Saach vun der Onméiglechkeet, well d‘Reglementatioun vun der Gemeng esou stuer an onsënneg ass, fir dass een nëmme Steng an de Wee geluecht kritt, fir eppes fir eist d'Klima ze maachen."
Eng weider technesch Erausfuerderung schéngt d‘Fro vun der Isolatioun ze sinn. Dem Energieberoder no, ass och dat keng Mussesaach. "Idealerweis dämmt een eng Dall zum Keller, et dämmt ee vläicht och nach eng Dall zum Späicher oder natierlech den Daach. Dat sinn och déi Mesuren, déi oft am einfachsten ëmsetzbar sinn. Eng Fassad ass scho méi komplizéiert, mee et ass net esou, dass eng Fassad muss isoléiert ginn, fir dass eng Wärmepompel funktionéiert."
An der Praxis stellen sech do awer nach eng Rei Froen.
Sinn déi technesch Froen gekläert an d‘Reegelen all agehalen, stellt sech natierlech d‘Fro vun der Finanzéierung. Bei de Käschten am Alldag geet de Feedback, dee mir kritt hunn, deels wäit auserneen.
"Eng Wäermepompel kascht mëttlerweil och richteg Geld am Betrib, well d'Stroumpräisser esou staark geklomme sinn. Wat huet d'Regierung konkret geplangt, fir déi Leit ze ënnerstëtzen, déi an esou eng Anlag investéiert hunn? Dobäi däerfen och déi net vergiess ginn, déi scho viru fënnef oder zéng Joer investéiert hunn. Et ass gutt a wichteg, op d'Ëmwelt ze kucken. Mee fir mech muss sech esou eng Investitioun och finanziell rentéieren. Ech wëll domat Energie a Sue spueren an net um Enn méi bezuele wéi virdrun. Et misst een, änlech wéi beim Mazout, e speziellen Tarif fir Heizstroum aféieren."
Fir eng Wäermepompel z‘installéieren, misst ee bei engem Eefamilljenhaus mat Käschten tëscht 40.000 a 50.000 Euro rechnen. Gläichzäiteg wieren d‘Subventiounen haut esou héich wéi nach ni, betount de Pol Felten.