
Bei engem Virfall um Mëttwoch de Mëtteg an enger Schoulkantin um Lampertsbierg gouf eng Schülerin blesséiert. Dat confirméiert den Educatiounsministère op RTL-Nofro hin. Zwou Schülerinnen aus dem Lycée Michel Lucius solle sech géint 12.15 Auer an der gemeinsamer Kantin vum Lycée Michel Lucius an dem Lycée Technique du Centre an d’Hoer kritt hunn.
Et wier direkt gehandelt ginn: déi blesséiert Schülerin wier mat der Ambulanz an d’Clinique bruecht ginn. D’Police wier geruff ginn, an hätt d’Täterin gestallt a matgeholl. D’Schoul, dat heescht d’Direktioun an de Service psychosocial et d’accompagnement scolaire (SEPAS), hätten och direkt d’Prise en charge vun de Klassekomeroden vun de Schülerinnen assuréiert, an hinnen eng psychologesch Ënnerstëtzung, dans l’immédiat, mee och an de nächsten Deeg, ugebueden.
Zum Incident selwer kann sech de Ministère opgrond vun der lafender Enquête net prononcéieren.
Dofir huet de Parquet awer am Laf vum fréien Owend weider Detailer ginn. Si confirméieren, datt et an der gemeinsamer Kantinn vum Lycée Michel Lucius an dem Lycée techiqu du Centre Lycée technique du Centre zu engem Sträit tëschent zwou Schülerinnen koum, déi allebéid 14 Joer al sinn. De Sträit wier duerno ausserhalb vun der Kantin weidergaangen. Dobäi hätt eent vun de Meedercher dat aner mat engem Messer attackéiert. D’Affer hätt sech awer kënne wieren, wouduerch schwéier Blessuren hätte kënne verhënnert ginn. D’Affer koum an d’Spidol.
D’Täterin wier no der Dot fortgelaf, wier awer no kuerzer Zäit vun der Police gestallt ginn. D’Meedche sëtzt op Uerder vun engem Jugendriichter aktuell zu Schraasseg am Prisong, well zu Dräibuer an der Struktur fir Mannerjäreger keng Plaz ass. Well et sech bei de betraffene Persounen ëm zwee Mannerjäreger handelt, wäert de Parquet keng weider Informatiounen erausginn. D’Enquête leeft.