
Op der Tréierer Autobunn koum et tëscht den Ausfaarte Mäertert a Potaschbierg zu engem Accident tëscht engem Auto an engem Moto. De Stau war tëschenzäitlech ronn 7 Kilometer laang. Géint 9 Auer gouf et dunn Entwarnung: den Accident ass geraumt an de Stau sollt sech esou lues nees opléisen.