Wollten "hiren Dram" erfëllenLëtzebuerger a Belsch schlofe voll am Auto op Schipist zu Sölden

RTL Lëtzebuerg
Zu Sölden an Éisträich wollten zwee Männer "hiren Dram" erfëllen an hunn direkt op der Schipist iwwernuecht - dat allerdéngs alkoholiséiert an am Auto.

En éischter ongewéinlechen Asaz hat d’Police zu Sölden an der Nuecht op e Samschdeg: D’Tiroler Poliziste waren um fréie Samschdegmoie wéinst enger beschiedegter Barriär op de Peage “Rettenbach-/Tiefenbacherferner” geruff ginn. Op der Plaz hunn d’Beamten d’Barriär erausgerappt um Buedem fonnt. Net wäit vum Peage ewech konnten d’Beamten déi Schëlleg dann och fannen: Een 38 Joer ale Lëtzebuerger an ee 40 Joer ale Belsch, déi an hirem Auto op der Schipist vum Gletscherstadion geschlof hunn.

Op Nofro hunn d’Männer erkläert, datt et “hiren Dram” gewiescht wier, direkt op der Pist ze schlofen a vun do an de Schidag ze starten.

Wärend der Kontroll ware béid Männer nach alkoholiséiert. Den 38 Joer ale Chauffer aus dem Grand-Duché huet missen de Permis ofginn. Wéi héich de Schued um Peage ass, ass aktuell nach net bekannt.

Back to Top
CIM LOGO