
Och hir Mamm, an där hire Liewenspartner, deen eng heemlech Relatioun mat der Haaptugekloten hat, goufen zu liewenslaange Prisongsstrofen verurteelt. De Bouf vun der Haaptugeklote gouf fräigesprach. Well hien de Mord net hei zu Lëtzebuerg mat geplangt hat, wär d’Geriicht net zoustänneg. Sou hat de Parquet am Prozess argumentéiert, och wann hie méiglecherweis a Portugal gehollef huet, d’Affer zu Figueira da Foz an d’Waasser ze geheien. Der Haaptugekloten hiert Meedche krut als Partie civile 80.000 Euro Dommage moral zougesprach. Déi weider Famill vum Affer, seng Gesëschter, krut zesumme weider 72.000 Euro Schuedenersatz accordéiert.
Wärend dem Prozess haten all d’Ugkloten ënnerschiddlech Versiounen erzielt, déi alleguerte mat de materielle Fakten inkompatibel waren, déi nom Mord festgestallt goufen. Ma d’Haaptugekloten - mir haten hir de fiktiven Numm Ana ginn - hat zouginn, datt d’Affer, de Pedro*, an der Nuecht vum 4. op de 5. August mat engem Insektizid géint de Kartoffelkäfer vergëft gouf, dat him an d’Glas bäigemëscht war. Fir datt d’Affer d’Gëft sollt drénken, huet d’Ana de Pedro gefrot, ob hie si wéilt bestueden. Dunn hu si op d’Verlobung geprost.
Méi spéit an der Nuecht war et dem Pedro schlecht ginn. Hie gouf bei d’Küst gefouert an an d’Waasser geheit. Ma d’Famill hat sech wuel mat Ebbe a Flut verrechent; de Pedro gouf direkt moies an enger Flossmündung fonnt.
D’Ana hat och zouginn, datt se den Dag virdru scho versicht hat de Pedro - hiren offizielle Liewenspartner an Adoptivpapp vun hirem Meedchen - mat Rategëft ze vergëften. Mee dat hat net geklappt, well d’Gëft sech net opgeléist hat. Hiren Amant Antonio* hat vun enger weiderer Tentative mat Acide sulphérique erzielt, deen d’Ana dem Pedro an d’Sangria gemëscht hat. Scho virun der Vakanz a Portugal hate Mamm an Duechter wuel ee Mol zu Lëtzebuerg eng Tentative gemaach. Si haten him ouni säi Wëssen eng gréisser Dosis Dulcolax ginn, fir datt him op der Aarbecht géif schlecht ginn an hien um Chantier vun der Stee géing falen.
Well d’Dot hei zu Lëtzebuerg geplangt gouf, hunn d’Täter hei eng Association de malfaiteurs gegrënnt a goufen hei viru Geriicht gestallt, obschonns de Mord a Portugal duerch gefouert gouf.
Ronderëm den Iessdësch vun der Ana hirer Mamm zu Esch hate si Wochen, wann net Méint, am Viraus diskutéiert, wéi ee Gëft ee kéint benotzen. Den Antonio hat um Internet gesicht, wéi ee Gëft net nozeweise wier.
*D’Nimm vun den Involvéierte si vun der Redaktioun geännert ginn