"D'Bluttreserve ginn zeréck" Grand-Duc reagéiert op Opruff vu Croix Rouge a geet Blutt spenden

RTL Lëtzebuerg
Wann d'Bluttreserven am Land erofginn, kann dat am Fall wou schwéier Konsequenze fir déi Leit hunn, déi duerch déi verschiddenst Ëmstänn op eng Bluttkonserv ugewise sinn.
https://monarchie.lu/sites/default/files/styles/2000/public/upload/media/image/2026-10/20261027_dondesang-09.jpg?itok=q-ZoAvuw
De Grand-Duc Guillaume gehéiert zu deene Leit zu Lëtzebuerg, déi reegelméisseg Blutt spenden.
© Maison du Grand-Duc

Virun enger Woch huet d'Croix Rouge an de soziale Medie matgedeelt, datt d'Bluttreserven op en Enn ginn an d'Leit opgeruff, fir Blutt ze spenden, fir datt am Fall wou es gebraucht gëtt, genuch Blutt do ass.

Wéi d'Cour Grand-Ducale matdeelt, war de Groussherzog, dee reegelméisseg Blutt spent, dësen Dënschdeg dem Opruff nokomm an huet sech picke gelooss, fir eng Bluttspend ofzeginn.

Wärend dem Bluttspende kënnt och eise Staatschef mat anere Spender an d'Gespréich.
Wärend dem Bluttspende kënnt och eise Staatschef mat anere Spender an d'Gespréich.

Mat dësem Message: "Un grand merci à Son Altesse Royale le Grand-Duc pour son don de sang et son engagement solidaire. Alors que nos stocks sont actuellement bas, chaque don compte ! Prenez rendez-vous en ligne : https://dondusang.lu/rendez-vous/" huet d'Rout Kräiz an de Soziale Medien dem Staatschef Merci gesot.

Back to Top
CIM LOGO