
D’Flich op de Strecken Lëtzebuerg–Porto a Lëtzebuerg–Lissabon solle Stand Mëttwochowend zwar duerchgefouert ginn, d’Gesellschaft geet awer dovunner aus, datt et zu Verspéidunge komme kann. Passagéier, déi vu Porto oder Lissabon aus op Lëtzebuerg reesen, solle sech och op méiglech Problemer am lokale Verkéier astellen an extra Zäit arechnen, fir op de Fluchhafen ze kommen.
Luxair recommandéiert de Passagéier, op d’mannst zwou Stonne virum geplangte Start um Fluchhafen ze sinn an de Status vun hirem Fluch virdrun ze kontrolléieren. Ännerungen um Fluchplang géingen direkt un déi betraffe Clienten iwwer d’Kontaktdonnéeën an hirer Reservatioun kommunizéiert ginn, heescht et am Communiqué vu Luxair.