
Wéi et e Sonndeg de Mëtteg an engem Schreiwes heescht, wieren d’Beamte géint 23.20 Auer vun Nopere geruff ginn, well am Haus niewendrun haart gebierelt gouf. Op der Plaz hätt sech dunn erausgestallt, datt déi getrennte Koppel sech getraff hat, fir ze schwätzen. Dobäi wier et zum Sträit an dunn zur Gewalt géigeniwwer der Fra komm. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl. D’Affer koum an d’Spidol.