
Wéi d’Gefier mat den dräi Passagéier wéinst enger Policekontroll gestoppt sollt ginn, huet de Chauffer de Réckgang agemaach an ass e puer honnert Meter no hanne gefuer. Nodeems de Won gestoppt konnt ginn, goufe bei den Iwwerpréiwungen eng gréisser Quantitéit Heroin an eng kleng Quantitéit Kokain fonnt a séchergestallt.
Op Uerder vum Parquet gouf de Chauffer a Besëtzer vum Auto festgeholl a koum e Mëttwoch virun den Untersuchungsriichter. D’Droge goufe saiséiert.