
Wéi d'Police mellt ass et zu engem Tëschefall komm, wéi e Mann de 7. Juli géint 14:30 Auer aus dem Passagearrest an der Stad entlooss gouf. De Betraffenen huet deemno mat Féiss ëm sech gerannt an dobäi e Polizist um Bee getraff.
Ausserdeem huet hien engem anere Beamten an d'Gesiicht gespaut. Weider soll hien d'Beamten och beleidegt a menacéiert hunn.
D'Police huet doropshin de Parquet informéiert an de Mann fest geholl. Den Dag drop ass hien engem Untersuchungsriichter virgefouert ginn.