De Master an der Medezin op der Uni Lëtzebuerg kënnt. An dat, wann alles riicht leeft, 2029 respektiv 2030. Dat sot d’Héichschoulministesch Stéphanie Obertin am RTL-Interview e Mëttwoch de Moien. D’Medezin-Studien op der Uni.lu ginn also ausgebaut. 2027 soll dat deementspriechend Gesetz deposéiert ginn, fir 2028 gestëmmt kënnen ze ginn. Nëmmen esou kéint een dem Personalmanktem an der Santé entgéintwierken. D’Spideeler wieren och prett, hir wichteg Roll, bei deene Master-Studien ze iwwerhuelen, sou déi zoustänneg Ministesch e Mëttwoch.
Bis elo bitt d’Uni Lëtzebuerg e Bachelorstudium iwwer dräi Joer a Spezialisatiounen an der Médecine générale, Onkologie an Neurologie hei am Land un. Mä den Terrain, dorënner och d’Associatioun vun de Lëtzebuerger Medezinsstudenten, fuerdert scho méi laang, datt d’Ausbildung am Grand-Duché ausgebaut gëtt, fir manner ofhängeg vum Ausland ze ginn. Den externen Evaluatiounsrapport vum Bachelor op der Uni Lëtzebuerg gëtt déi iwwernächst Woch an der Héichschoulkommissioun vun der Chamber virgestallt. An deen dierft also positiv ausgefall sinn. Sou vill kann een haut scho soen, well soss wier d’Ministesch net sou affirmativ gewiescht. Jidderee wier op der Schinn, datt de Master misst kommen, sou d’Stéphanie Obertin. Lëtzebuerg soll kee grousst Unispidol kréien, mä déi verschidde Spidolsgruppen, wou sech déi jonk Doktere forméieren.
Studentefoire: Héichschoulministère ännert op Drock vun der ACEL seng Meenung
D’Associatioun vun de Studente-Cerclen ACEL hat jo, besonnesch an de leschte Wochen, de Standuert Belval fir d’Studentefoire kritiséiert. Dee wier ze kleng, net iwwersiichtlech an net attraktiv fir déi Jonk. De Ministère awer géif de Studentenassociatioun net nolauschteren a si net eescht huelen, sou d’Kritik. Nodeems d’ACEL elo souguer op hirer nächster Generalversammlung de 26. Dezember mat engem Boykott d’nächst Joer gedreet hat, grad dann, wann d’Studentefoire hire 40. Gebuertsdag feiert, huet den Héichschoulministère seng Positioun geännert.
Gouf bis elo virun allem de Site Belval an d’Konzept mat haaptsächlech just nach akademesche Stänn verdeedegt, soll d’Foire de l’étudiant dann awer lo en neit Konzept an neie Site am Zentrum kréien.
Mir hunn nogelauschtert an d’Analys gemaach, fir méi unzebidden, sot d’Stéphanie Obertin e Mëttwoch de Moien. An duerfir wier de Belval ze kleng.
Nach keng konkret Ausso zum neie Site
D’Kou ass also vum Äis an den Dialog mat der ACEL nees retabléiert. Mä wou genee am Zentrum respektiv der Stad déi nächst Studentefoire soll kommen, verréit déi liberal Héichschoulministesch nach net. Och net ob d’Luxexpo duerch de geplangte Budget vu ronn 250.000 Euro aus dem Spill ass.
En Zelt um Glacis, wat d’ACEL ënnert anerem ugeduecht hat, gesäit si allerdéngs éischter skeptesch well do keng adequat sanitär Infrastrukture sinn. Et géif ee lo kucken, wat fir déi zwou Säite passt.
“Ech konzentréiere mech op meng Aarbecht”
Ugeschwat op déi rezent Spekulatiounen iwwert e méigleche Regierungsremaniement an der Press, bei deenen op DP-Säit den Numm vum Stéphanie Obertin gefall ass, sot d’Ministesch, si géif sech weider an hir Aarbecht an der Regierung knéien a wier “frou, de Schrëtt gemaach ze hunn, dee se gemaach huet”.
E Mëttwoch de Moie war och d’Studentefoire Thema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.