
Den Delhaize huet annoncéiert, datt een de "Crottin de Chavignol (60g)" vun der Mark Triballat Rian zeréck rifft, dat wéinst méiglecher Presenz vu Kolibakterien. Verkaaft gouf de Produit tëscht dem 9. Juni a 3. Juli.
Clientë gi gebueden, de Kéis an de Buttek zeréck ze bréngen, wou se da rembourséiert ginn.
De ganzen Detail fannt Dir hei am Communiqué: