
D'Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire huet en Dënschdeg ee Rappell fir d'Beerenmischung vun der däitscher Mark JA! gemaach. Bei dësem Produit wier d'Presenz vum Virus Hepatite A fonnt ginn.
Betraff sinn d'Päck mat 750g, déi e Mindesthaltbarkeetsdatum bis de 15.03.2028 hunn an déi an de verschiddene Butteker zu Lëtzebuerg verkaf goufen.