Campagne vum Cesas"Meng Verhütung, mäi Choix"

Diana Hoffmann
De Centre national vun der affektiver an sexueller Gesondheet huet dës Woch eng Campagne lancéiert ënnert dem Slogan "Meng Verhütung, mäi Choix".
© AFP/Archives/PHILIPPE HUGUEN

“Meng Verhütung, mäi Choix” / Rep. Diana Hoffmann

Et wëll een informéieren an Tabuer briechen. E speziellen Onlinesite zum Thema gouf dofir och moderniséiert, soudatt een Äntwerten op eng ganz Panneau Plie vu Froe fënnt, an dat neierdéngs an 4 Sproochen.

mengverhuetung.lu oder macontraception.lu heescht den Onlinesite. Zanter der leschter Woch gëtt et dësen dann net just op Däitsch a Franséisch, mä och op Englesch a Portugisesch. De Site, deen et a sech schonn zanter 2019 gëtt, liwwert faktoriell Informatiounen, seet d’Françoise Berthet, Directrice adjointe medicale an der Direktioun vun der Santé.

“Contraceptioun ass keng onwichteg Saach. Heiansdo feelen Informatiounen ëm de Sujet, deen dacks nach als Tabu behandelt gëtt.”

D’Offer vum Site gouf och dofir méi grouss gemaach. Froe wéi Verhütungsmëttel wierken, wéi se zesumme wierken, oder awer och zum Beispill, wéi eng Fra d’Pëll soll huelen, wann ee verreest an Zäitzone passéiert, gi beäntwert. D’Camille Soudeyns ass Responsabel vum Projet ëffentlech Gesondheet, a gëtt ee weidert Beispill.

“Mer hunn och Accidenter, déi kënnen a Saache Verhiddung passéieren, opgefouert. Zum Beispill bei Oublien oder wann de Kondom futti gaangen ass. Alles, wat kann dozou féieren, datt d’Verhütung manner effikass ass oder de gudde Fonctionnement gestéiert ass.”

Fir dee Fall gëtt och iwwert d‘Contraceptioun d’Urgence um Site informéiert a wéini an a wéi engen Delaien ee kann dorobber zréckgräifen. D’Verhütung géing awer net zu 100 Prozent funktionéieren, an dofir wier et de Responsabelen och wichteg gewiescht, iwwer net gewollte Schwangerschaften ze informéieren.

“Mir wollten och dës Informatiounen um Site hunn. Och fir déi ënnerschiddlech legislativ Kaderen ze ënnerriichten an d’Notzer vu Verhütungsmëttel ze informéieren, wa se et brauchen.”

11 kuerz Videoe vun ongeféier jee 3 Minutten, déi rezent online gaange sinn, hëllefe sech zu diverse Sujeten ze informéieren. Professioneller an der Matière ginn Explikatiounen, an Notzer vun diverse Verhiddungsmëttel deelen hir Erfarung. Mä och Informatiounen iwwert de Remboursement vu Verhütungsmëttel sinn op mengverhuetung.lu ze fannen. Datt d’Pëlle fir Frae bis 30 Joer gratis ginn ass, an och d’Spiral deels rembourséiert gëtt, wiere gutt Nouvellen, seet den Yves Bruch, Vizepresident vum Verwaltungsrot vum Planning Familial.

“Mais et ass besonnesch d’Annonce vum universellen Accès zu Verhütungsmëttel an der Noutfallverhütung, dat am Koalitiounsofkommes vun 2018-2023 steet, wat ee muss begréissen. Leider loossen dës Annoncen nach ëmmer op sech waarden.”

Net all Fra kéint sech d’Verhütung leeschten an net jidderee géing bei de Planning Familial oder d’Aide sociale fannen. Dofir fuerdert de Planning, datt all d’Verhütungsmëttel gratis solle ginn, soudatt jiddereen dee selwechten Accès huet.

Back to Top
CIM LOGO