Invité vun der Redaktioun (2. Abrëll)Mylène Bianchy, Presidentin vun der Eisebunnergewerkschaft Syprolux

François Aulner
Um Donneschdeg de Moien sinn d'Aggressiounen am ëffentlechen Transport Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Zuelen vu lescht Joer deiten op ëmmer méi Fäll vun Aggressiounen am ëffentlechen Transport hin. Wéi gesäit et zanter Ufank vum Joer aus? Wat ka gemaach ginn, fir Passagéier a Personal besser ze schützen? Dat froe mir d’Mylène Bianchy, Presidentin vun der Eisebunnergewerkschaft Syprolux, hei op RTL. Mat hir schwätze mer och iwwert de Mindestloun, deen net strukturell an d’Lut gesat gëtt an iwwert d’Viraussetzunge fir den nächste Gehälteraccord beim Staat.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO