D’Léift ass grouss, d’Rechnung ochBal all drëtte Stot zu Lëtzebuerg huet en Hausdéier

Kyra Feiereisen
Véier Patten, vill Léift, an eng Rechnung vun 1.900 Euro d’Joer? Déi nei Zuele vum STATEC.
© RTL

Zu Lëtzebuerg besëtzt bal all drëtte Stot mindestens een Hausdéier. Dat geet aus den neisten Zuele vum STATEC ervir. Am Joer 2025 haten eng 92.000 Stéit en Hausdéier. Am Ganze goufen am Land ronn 191.000 Hausdéiere gezielt, dorënner eng 80.000 Kazen an 62.000 Hënn.

Pelznuesen hunn hire Präis

Wien en Hausdéier huet, muss och e gewësse Budget aplangen. Am Duerchschnëtt ginn d'Leit zu Lëtzebuerg 1.900 Euro d'Joer fir hir Déieren aus. Ronn 1.240 Euro dovu gi fir Fudder an Accessoiren drop, weider 660 Euro fir de Veterinär an aner Déngschtleeschtungen.

Dobäi si Muppen am Duerchschnëtt e bësse méi deier wéi Kazen. Stéit mat engem Hond ginn all Joer iwwer 2.200 Euro aus, bei Stéit mat enger Kaz sinn et ronn 1.850 Euro.

Wien an engem Haus wunnt, huet méi dacks en Déier

Och d'Wunnsituatioun spillt eng Roll. Wärend 43 Prozent vun de Stéit am engem Haus mindestens een Hausdéier hunn, sinn et an Appartementer just 21 Prozent.

Besonnesch Famillje mat Kanner hunn dacks e pelzege Matbewunner. An och bei Leit iwwer 65 Joer, déi eleng wunnen, ass d'Léift zu den Déiere grouss. Ronn een Drëttel vun hinnen huet en Hausdéier. Si ginn och am meeschte fir hir véierbeeneg Begleeder aus, nämlech bal 2.800 Euro d'Joer.

D'Etüd weist domat: Egal ob Hond, Kaz, oder Fësch: En Hausdéier ass fir vill Leit zu Lëtzebuerg en Deel vum Alldag, mee awer och eng finanziell Verantwortung.

Ëmfro

Wann Dir op dëser Plaz kee Formulaire gesitt, läit dat warscheinlech dorunner, datt Dir d'Cookies net acceptéiert hutt.

Back to Top
CIM LOGO