11. Dag Bommeleeër-bis ProzessNei Enquêteure, mee net méi Resultater, mengt d’Defense

Diana Hoffmann
Um 4. Dag an der Suite war et un der Defense. Den Affekot vum fréieren Direkter vun der Sûreté huet en Donneschdeg seng Plaidoirie gehalen.
© Domingos Oliveira

«Zanter 3 Woche sëtze 6 Hären hei op der Bänk, déi all eng gloriéis Karriär hunn a sech mussen elo fir Faite rechtfäerdegen, déi 40 Joer zréckleien», huet de Benoît Entringer seng Plaidoirie ugefaangen. A géint 5 vun dësen Häre géing elo feste Prisong gefrot ginn. «Wann een dat héiert, weess een, dass manifestement eppes schif gelaf ass», betount hien. Net just bei der Police, mee och bei der Justiz wieren Iertemer passéiert. D’Enquêteure vum aktuelle Prozess hätte kloer gewisen, dass net propper geschafft gouf an den 80er Joren.

Och säi Mandant, den Armand Schockweiler, muss sech elo schonns zanter 11 Sëtzunge wéinst Falschaussoen am Bommeleeër Prozess 2013/14 virum Stater Geriicht veräntwerten. 40 Joer no de Faite géing elo probéiert ginn erauszefannen, wat falsch gelaf ass. Deemools wier anescht geschafft gi wéi haut, mat anere Methoden. Et hätt eng aner Manéier ginn, wéi eng Instruktioun gefouert gouf. Haut géingen deemno d’Aussoe vun den Ugekloten deels net méi glafwierdeg schéngen.

11. Dag am Bommeleeër-bis Prozess

Lo wieren nei Enquêteuren do gewiescht, mat neie Methoden. Mee méi Resultater hätt dat net bruecht. Deemno géing een elo fälschlecherweis zu der Conclusioun kommen, dass eppes vertuscht géing ginn. Dass Saachen net géinge gesot ginn oder dass d’Instruktioune vu Säite vun der Gendarmerie sabotéiert gi wier. «De ganzen Dossier geet um priori un: Déi Leit hunn eis belunn. Mer hunn hei net eng neutral Aarbecht, mee et geet an d’Richtung: Wéi kënne mer beweisen, dass hei gelu gouf. An da komme mer an e Komplott», huet de Maître Benoît Entringer ënnerstrach. D’Thees, dass d’Offizéier eng Enquête sabotéiert hunn, dass se eppes ze verheemlecht hätten oder wéissten, wien de Bommeleeër wier, hätt awer net kënne vun den Enquêteure bewise ginn. Well et dat och net géing ginn, esou de Benoît Entringer no der Sëtzung.

Hien huet drop higewisen, dass keng eenzeg reprochéiert Falschausso vu sengem Mandant den Tatbestand vun esou enger géing erfëllen. «Esouguer wa 25 Aussoe vum Här Schockweiler falsch sinn, ass keng eenzeg dran, déi kéint en Afloss hunn op den Tribunal hunn, wann dee muss befannen, ob de Marc Scheer an de Jos Wilmes schëlleg sinn», sou den Affekot. Dofir huet hien de Fräisproch fir säi Mandant gefrot. De Parquet hat 3 Joer feste Prisong gefrot.

Back to Top
CIM LOGO