
40 Kaarte fënnt een an der Këscht, déi MyConnectivity zesumme mam Telekommunikatiounssecteur a mat Konsumenteschutzorganisatiounen entwéckelt a produzéiert huet. Kaarten, op deenen een Äntwerte soll kréien op eng Partie Froen, déi sech d’Konsumenten ëmmer méi dacks géife stellen, sot d’Medieministesch Elisabeth Margue. Vun Onkloerheete bei Kontrakter oder Rechnunge mat engem Provider, iwwert d’Geforen am Internet oder wou ee gehollef kritt. D’Këscht, déi et op Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch gëtt, ass a véier grouss Themen ënnerdeelt.
Ugefaange wéi ee Servicer geréiert. Wat sinn Zesummenhäng tëscht Kontakter? Wéi kann ech mech ofmellen? Wéi liesen ech eng Rechnung? Wéi wiesselen ech mäi Provider? All dat si Froen, déi de Konsument am Alldag ausgesat ass, sot d’CSV Ministesch Margue.
Wéi schützen ech mech online, ass dat zweet Thema, wou een Informatiounen dozou kritt, wéi ee seng Date protegéiert, wéi een am beschten e Passwuert eraussicht a seng Privatsphär an Apparater am beschte séchert. Bei all Thema fënnt een dann och nëtzlech Begrëffer. Bei der Sécherheet ginn zum Beispill Wieder wéi “VPN”, “Encryption” oder “Burner Email” erkläert.
Deen drëtte Volet ass dee vun der Bedroung. Wéi schützen ech mech viru Phishing, Frauden awer och Deepfakes? “Ech mengen dat ass eng Fro, déi ëmmer méi Leit sech och stellen an och ëmmer méi Leit leider schonn Opfer gi sinn”, huet d’Elisabeth Margue ënnerstrach.
Wéi a wou kréien ech Hëllef, dorëm geet et am leschten Themen-Block, wou d’Leit en Iwwerbléck solle kréien iwwer all déi Acteuren, déi och zum Deel an hirer Missioun hunn, de Consommateur ze schützen.
Dat Ganzt ass an engem einfache Langage gehale, fir datt d’Leit en Tool hunn, wou se op eng kloer a konkreet Manéier Äntwerte kréien. Zousätzlech fënnt een awer och op all Karte de QR-Code, wou een nach méi Informatioune kritt.
Zousätzlech Informatiounen fënnt een ënnert: myco.lu/box
Link: