
D’Gewerkschaften OGBL, LCGB, d’Associatioun NVGL an de Schäfferot si sech no laange Verhandlungen eens ginn.
D’Syndikater schwätzen an engem Communiqué vun engem Paradigmewiessel.
D’Aarbechts- a Congés-Zäite géingen nei gereegelt, an den Equiliber tëscht Schaff- a Privatliewe verbessert ginn.
D’Loun-Grille gouf nei strukturéiert.
Et kommen nei Allocatioune fir Personal an héije Positiounen.
D’Allocatioun fir Gezei, Vakanz an Iesse gëtt fir jiddereen ëm e Véierel erop gesat a läit elo bei 456 Euro Brutto de Mount.
De Kollektivvertrag gëllt réckwierkend op den 1. Januar a bis Enn Dezember 2025. Viséiert sinn 1.600 Salariéen. Am ganze schaffe méi wéi 4.000 Leit fir d’Gemeng Lëtzebuerg.