Mir liewen an enger ganz anerer, enger neier Welt. Mam Ukrain-Krich a mat der Wal vum US-President Trump hätten d’Zäite massiv geännert. Dat sot den LSAP-Politiker Nicolas Schmit e Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Europa misst sech anescht opstellen an dofir ass den Nicolas Schmit Co-Fondateur vun der sougenannter Déclaration de Strasbourg an der Europa Power Initiative. Dës Deklaratioun ass lancéiert gi vum franséische Think Tank Europa Nova, deen iwwerparteilech fonctionéiert: vu Liberalen iwwer d’Sozialdemokraten an d’PPE. Nieft him fuerderen och d’Margrethe Vestager, de Paolo Gentiloni an iwwer 100 aner Perséinlechkeeten aus der Politik, der Wirtschaft an der Zivilgesellschaft, dass Europa sech anescht opstellt. “Well wa mer dat net maachen, da geet Europa eigentlech ënner a spillt an der Welt, déi sech elo en place setzt, kee Roll méi.”
“D’Amerikaner sinn net méi eisen Alliéierten”
Natierlech géinge staark transatlantesch Relatioune wichteg bleiwe géifen. Mee speziell déi nei US-Strategie a wéi se d’Welt, respektiv d’EU gesäit, géif weisen: d’USA wieren net méi eisen natierlechen Alliéierten. Weder wat d’Sécherheet ugeet, nach ideologesch. A grad dat wier warscheinlech souguer nach méi grav, well dat géing fir d’Zukunft vun eiser Demokratie eng Roll spillen.
Europa bräicht dowéinst eng méi kloer Strategie. D’EU wier gutt punkto Marché intérieur a Commerce. Mee et géing u strategeschen Iwwerleeunge feelen, notamment wéi eng Roll een an der Welt wëll spillen. Donieft misst d’EU hire Retard an de Beräicher Sécherheet an Technologie ophuelen. Do géingen et ganz Secteure ginn, déi vun de berüümte GAFA’en [Google, Apple, Facebook & Amazon, ndlr.] dominéiert ginn. A Leit wéi den Elon Musk géingen oppen deklaréieren, dass si déi Europäesch Unioun wëllen zerstéieren. Si géinge sech selwer als eng Superpuissance gesinn, déi d’Welt nei organiséiere wëll an zwar no hire Reegelen, kritiséiert den Nicolas Schmit.
“Rietsextremisten hu mer och zu Lëtzebuerg”
Mir musse méi an Europa investéieren. Mee gläichzäiteg och onbedéngt d’Leit mathuelen. Et misst een de Bierger ganz kloer weisen, dass hire Wuelstand, hir Zukunft an déi vun hire Kanner, nëmmen an engem staarken Europa geséchert wier. Wann een an en Europa vum nationalen Denke géif zeréckfalen, wier dat de Super-Gau fir Lëtzebuerg, also eng Katastroph. Well an esou engem Europa géife kleng Länner keng Roll méi spillen. Wat an dem Kontext dann nach besonnesch katastrophal wier, wier dass nationalistesch Parteie wéi d’AfD aus Däitschland dann zu Washington vum Trump de Rouden Teppech ausgerullt kréien. “D’Rietsextremisten, déi hu mer jo och hei zu Lëtzebuerg, et ass jo net par hasard, datt den Här Kartheiser op Sotschi a Russland invitéiert gëtt a sech do feiere léisst.” Dat wiere Leit, déi Europa géinge verrode fir aner Interessen an do muss een absolutt dogéint halen.
Nächsten LSAP-Spëtzekandidat?
Spekulatiounen, ob hien LSAP-Spëtzekandidat wéilt ginn, wollt den Nicolas Schmit iwwregens net kommentéieren. Dat wier keen Thema fir hien. Seng Engagementer géingen elo op europäeschen Theeme leien.
Am Oktober war donieft am Lëtzebuerger Land ze liesen, dass den LSAP-Politiker fir e Spëtzeposte vun der OECD sondéiert gi war, mee de Luc Frieden hätt him Steng an de Wee geluecht. De Premier hat dat duerno dementéiert. Den Nicolas Schmit seet dozou just: “La où c’est flou, il y a un loup.”
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.