Ëmmer méi Déieren am LandNilgänse bereeden der Landwirtschaft Kappzerbrieches

RTL Lëtzebuerg
D'Nilgänse stelle weider eng Erausfuerderung fir d'Landwirtschaft duer, well et ëmmer méi Déiere vun dëser invasiver Vullenzort hei am Land ginn.

Sou sinn eleng ronderëm den Iechternacher Séi iwwer 150 Nilgänse gezielt ginn, déi u sech aus Afrika kommen. Iwwer Land gëtt d’Populatioun op bis zu 45 Brutkoppele geschat - d’Tendenz weist erop.

Der Naturverwaltung goufen dann och an der Lescht e puer Konflikter mat Nilgänse matgedeelt, eng Déierenzort, déi der Protektioun vum Déiereschutzgesetz ënnerläit.

D’Gänse bréngen et fäerdeg, ganz Felder eidel ze friessen, respektiv alles futti ze trëppelen. Och d’Exkrementer vun den Déiere kënnen zum Beispill a Piscinne gréisser hygienesch Probleemer matsechbréngen.

D’Nilgäns sinn awer als net-enheemesch Vullenzort net speziell protegéiert, sou datt keng Dedommagementer kënnen ausbezuelt ginn, wann duerch si Schued entsteet.

Wéi d’Ëmweltministesch Joëlle Welfring an hirer Äntwert op entspriechend Froen vun der CSV-Co-Fraktiounspresidentin Martine Hansen schreift, géif gekuckt ginn, ee méi e fréien Update vum Aktiounsplang ze maachen, deen u sech réischt sollt 2025 geschéien. Et schéngt ee sech der Plo mat de Nilgänsen also bewosst.

PDF: Réponse a la question parlementaire

Back to Top
CIM LOGO