
Et dierft fir dës Legislatur de “Projet phare” vum liberalen Educatiounsminister ginn. En Dënschdeg war um Geesseknäppchen eng Informatiounsversammlung mat de Grondschoul-Presidenten, Coordinateuren aus de Cyclen an aneren Acteure vum Terrain. Och no der Versammlung bleiwen an den Ae vun der Gewerkschaft SNE eng Rei Fragezeichen.
Dat Ganzt gëtt jo ofhängeg gemaach vun enger Evaluatioun vun den aktuell 4 Pilotprojeten. Den Educatiounsministère huet d‘Personal aus de Grondschoulen en Dënschdeg informéiert, wéi eng Acteure bei där Evaluatioun wäerten intervenéieren.
“Do krute mer eben erkläert, dass eben déi Evaluatioun géif vu fënnef Punkten oder fënnef Facteuren ofhängeg gemaach ginn. Dat éischt, dat ass de SCRIPT, do, wou e klengen Deel och den Avis vun den Enseignanten ass, dann eben den Avis vum Conseil scientifique, deen awer och schonn deelweis am SCRIPT vertrueden ass, dann d’Commission européenne, d’Uni Lëtzebuerg, déi dann och schonn iergendwéi am Conseil scientifique vertrueden ass an ebe virun allem d’épreuves standardisées.”, esou de Patrick Remakel, President vum SNE.
De Gewerkschaftler seet sech do iwwerrascht iwwer déi kleng Roll, déi do dem Enseignant soll zegutt kommen.
“Wa mer do kucken: vun deene fënnef Elementer, ass net emol ee ganzt Element fir d’Enseignanten, d’Enseignantë fanne sech just an deem Element Script erëm.”
De Syndikat hofft op alle Fall, datt d‘Enseignanten net kleng gehale ginn an deem ganze Prozess, well kritesch a praktesch Froe sollen evitéiert ginn. Ëmmerhi wier et d’Léierpersonal, dat d‘Alphabetiséierung op Franséisch géing ëmsetzen an net Theoretiker. De Ministère hätt de Vertrieder aus de Grondschoulen zwar erkläert, wat fir een Impakt d‘Moossnam op d‘Horairë kéint hunn, mam Beispill vum Pilotprojet ALPHA. Allerdéngs bloufen aner grouss praktesch Froen, zum Beispill iwwer Plaz a Personal, onbeäntwert.
“Wéi maache mer dat mat zousätzleche Raim? Mir sinn am Moment schonn do, wou d’Schoulen net genuch Raim hunn, fir normal Schoul ze halen. Elo kënnt d’Alphabetisatioun nach derbäi. Wou sollen op eemol bis 26-27 alleguerten déi Raim hierkommen? Mir brauche méi Enseignanten. Well wa mer ee Grupp huelen, deen op Däitsch an op Franséisch alphabetiséiert gëtt, brauche mer op d’mannst zu deem Moment zwee Enseignanten, also brauche mer Enseignantë méi.”
Leider wiere bei der Informatiounsversammlung keng Froe virgesi gewiescht, esou nach de Patrick Remakel. A punkto Agenda soll d‘Alphabetiséierung op Franséisch fir d‘Rentrée 2026/2027 am Cycle 1.2, also am zweete Spillschoulsjoer ulafen.
“Wann dann eben d’Alphabetisatioun déi ganz Cyclen duerchleeft, dann hätte mer am Fong geholl 2032, 2033, wou mer bis am Cycle 4.2 déi ganz Alphabetisatioun op Franséisch stoen hätten.”
Prinzipiell stäipt de “Syndicat National des Enseignants” sech net géint de Projet vun der Regierung. Allerdéngs wier et wichteg, den Enseignant an de Prozess mat anzebannen. Dernieft sollte mat Zäite Léisunge fir praktesch Froe fonnt ginn.