SüdspidolNo sëllegen Ulafschwieregkeete soll et lo endlech virugoe mam Projet

Lynn Cruchten
2021 hat de CHEM-Verwaltungsrot jo de Kontrakt mam Wiener Architekt Albert Wimmer an dem deemolege Konsortium un Entreprisë gekënnegt.
Südspidol
No sëllegen Ulafschwieregkeete soll et lo endlech virugoe mam Projet

Si hätte sech u keng Delaie gehalen, deels Informatiounen zréckgehalen an och keng Presenz op der Plaz gewisen, esou d’Reprochen.

Südspidol / Rep. Diana Hoffmann

Doropshi war de Concours nei ausgeschriwwe ginn. Elo stinn dann déi nei Bauhäre fest. De Generaldirekter vum Centre Hospitalier Emile Mayrisch, de René Metz, ass erliichtert an optimistesch.

“Mir sinn immens frou, datt mer am Fong elo ganz konkret weiderkomm sinn, well mer am Fong d’lescht Woch konnte mat engem ganz groussen europäesche Planer ënnerschreiwen, SWECO, deen och an e puer europäesche Länner present ass an och do scho gréisser Spideeler gebaut huet. An ech mengen, elo geet et wierklech virun.”

“D’Spidol vu muer. Vun de Leit fir d’Leit.” Esou de Motto vum Südspidol. Mee muer wäerten d’Gebaier mat ronn 600 Patientëbetter sécher nach net stoen. De René Metz bleift virsiichteg, wann et ëm den Ouverturesdatum geet.

“Et brauch een awer 6 oder 7 Joer, géif ech soen, fir et ze bauen. An dann, wa mer ufänke mat bauen, dat gëtt awer warscheinlech éischter dann d’nächst Joer, wou mer ufänke mat bauen an da kann een ufänke mat rechnen.”

Un der Architektur vum Südspidol, sou wéi se vum Albert Wimmer geplangt gouf, gëtt näischt geännert. Allerdéngs wiere mat den neie Baufirmen elo nach Gespréicher néideg, fir de Bau un nei Elementer unzepassen, betreffend zum Beispill d’Post-Pandemie, en Ausbau vun der Pediatrie an e modernt Energiekonzept. Dat alles hätt net nëmmen eng Auswierkung op den Timing, mee och d’Käschten. Deemno géif den initial geplangte Budget vu 500 Milliounen Euro wuel net méi duergoen.

De Site, op deem de Projet Südspidol realiséiert gëtt, läit zu Esch vis-à-vis vum CNFPC an nieft dem Belval a Raemerich. 30.000-40.000 Meter Kipp Buedem goufe schonn ausgebuddelt an et erkennt ee vun uewe schonn d’Form vun de spéidere Gebaier. Wou wéi eng Servicer wäerten ënnerbruecht ginn, steet och scho fest.

Wat mam aktuelle Spidol zu Esch soll geschéien ass nach onkloer. Wat d’CHEM-Antennen zu Nidderkuer an Diddeleng ubelaangt, sou wier et dem Dr. Metz no awer wichteg, Infrastrukturen ze behalen fir zum Beispill méi kleng Urgencen oder och de Suivi vu chronesche Krankheeten.

Back to Top
CIM LOGO