
Den Affekot vum Mann huet e Bréif u véier aner national Medie geschéckt, dass déi den Numm vu sengem Mandant och wgl. net méi sollten nennen. D’Tageblatt krut esou e Bréif e Méindeg, ass an hirem Editorial vun en Donneschdeg ze liesen. Bei de Kolleege vum Radio 100,7 hat den Affekot dee Schratt viru Kuerzem annoncéiert gehat.
D’Urteel vum Cassatiounsgeriicht bezitt sech aktuell nämlech reng op d’RTL-Medien. Déi aner sollte sech awer och drun halen, fënnt op d’mannst den Affekot vum Mann, deen net genannt wëll respektiv däerf ginn.