Mobbing am ëffentlechen Déngscht OGBL-Syndikater fuerderen op en Neits eng onofhängeg Autoritéit fir Mobbing-Fäll

RTL Lëtzebuerg
Anescht ewéi am Privatsecteur, gëtt et an der Fonction publique aktuell keng Autoritéit oder Ulafstell fir Fäll vu Mobbing ze préiwen oder ze traitéieren.

An der Fonction publique brauch et eng onofhängeg Ulafstell fir Fäll vu Mobbing. Déi Fuerderung hunn d’Enseignantsgewerkschaft SEW a de Syndikat Ëffentlechen Déngscht en Dënschdeg de Moien op enger gemeinsamer Pressekonferenz widderholl. D’Fuerderung ass net nei. Bis elo géing et awer wéineg Unzeechen, datt do politesch eppes géing geschéien, esou d’Kritik. Déi zwou OGBL-Gewerkschaften hunn an deem Kontext op eng Rei Problemer opmierksam gemaach, déi sech och an zwou Ëmfroen zum Thema Mobbing géinge weisen, déi am Summer realiséiert goufen.

Mobbing am ëffentlechen Déngscht / Marlène Clement

Beim Sondage vum SEW hunn eng 600 Mataarbechterinnen a Mataarbechter aus dem Secondaire a Fondamental matgemaach. Bei deem vum Syndikat Ëffentlechen Déngscht waren et Ronn 300 Participanten, an der Haaptsaach Salariéeën, déi op Gemenge schaffen. A béiden Ëmfroen hunn iwwer 60 Prozent vun de Befroten uginn, datt si d’Gefill hunn, datt ni oder net ëmmer respektvoll op hirer Aarbecht kommunizéiert gëtt. Dacks fillen déi Befrote sech och vun hirem Supérieur hiercharchique ënner Drock gesat oder carrement harceléiert.

Am Questionnaire sinn eng ganz Rëtsch méiglech Mobbing-Zenarien opgelëscht. Dat geet vu sech iwwer ee lëschteg maachen, iwwer Rumeuren verbreede bis bei sexuell Uspillungen. D’Resultater vun de Questionnairen géinge sech och mam leschte “Quality of work Index” vun der Chambre des Salariés decken, betount d’Presidentin vun der Enseignantsgewerkschaft Joëlle Damé. Notamment, datt ronn 18 Prozent vum Personal am ëffentlechen Déngscht scho Mobbing op der Aarbechtsplaz erlieft hätten. Et géing sech also net ëm Eenzelfäll, mee ëm e strukturelle Problem handelen. A genee dofir bräicht et och strukturell Äntwerten.

D’lescht Joer schonn haten den SEW an de Syndikat Ëffentlechen Déngscht d’Politik a virop den Ressortminister Serge Wilmes opgeruff ze handelen. Zanterhier hätt een e puer Entrevue gehat an et wieren och Workshoppen organiséiert ginn, esou den Zentralsekretär vum SEW Fréderic Krier. Et wieren och Verhandlunge geplangt. Béid Syndikater hätten och schonn ugefrot, bei deene Verhandlungen dobäi ze sinn. D’Äntwert vum zoustännege Ministère wär gewiescht, datt déi concernéiert Acteure bis Enn November géingen ee Questionnaire kréien, fir hir Constaten an Doleancen matzedeelen. Deen hätten déi zwou Gewerkschaften eegenen Aussoen no awer nach net kritt.

Back to Top
CIM LOGO