D’Affär gouf vum Parquet klasséiert. Et konnt kee Feelverhale festgestallt ginn, heescht et am Communiqué vum 6. Februar 2019.
D’Mamm vum klenge Paydar wëll d’Affär awer elo nees oprullen. Si hätt Zäit gebraucht, fir de Schock ze veraarbechten an da wier d’Pandemie komm, ma elo wéilt si verstoen, wat deen Dag viru 4 Joer genee geschitt ass, sot si RTL géintiwwer. Si kritiséiert virun allem, dass d’Affär ze séier ofgeschloss gouf an an der Schwämm nom Accident Aarbechte gemaach goufen. Op hire Videoe vun deem Dag, esou wéi och op Fotoe vun Zeitungsartikelen, gesäit een déi al blo Rutsch.
Haut huet d’Maacher oppe Schwämm eng ganz aner Rutsch, notamment ass de Schluss vun der Rutsch anescht. Wärend ee virdrunner souzesoen an d’Waasser gefall ass, rutscht ee mat där neier am Waasser weider, bis ee Buedem kritt. An der Schwämm selwer duerfte mir fir dëse Reportage net filmen. Dass nom Accident Aarbechte gemaach goufen, obwuel gesot gouf, dass alles konform war, kéint si net novollzéien, seet d’Fataneh Bahrami Pirouz.
Dass d’Schwämm eng nei Rutsch krut, huet näischt mam Accident ze dinn, seet de Buergermeeschter vu Gréiwemaacher, de Léon Gloden.
Och wann d’Affär en halleft Joer nom Accident klasséiert gouf, hätt een awer gekuckt, wat een hätt kënne verbesseren. Zum Beispill wieren och d’Zoufaartsweeër nach emol iwwerpréift ginn, fir dass d’Pompjeeën an d’Ambulanz op de Site kommen ouni Problemer.
Wat d’Schwammmeeschter ugeet, wier een och konform gewiescht, präziséiert de Léon Gloden. Et wier ëmmer eng Ekipp vu Schwammmeeschter a Rettungsschwëmmer op der Plaz, déi wier och net opgestockt ginn, well ee jo scho konform war. Dat wier nom Accident iwwerpréiwe gelooss an doropshin confirméiert ginn, sot de Maacher Buergermeeschter.
Den Text vun der ITM dozou ass vague a seet dass - Zitat - “au moins un maître instructeur de natation” pro Schwämm soll do sinn. Zousätzlecht Personal soll do agesat ginn, wou d’Gefore-Punkten, wéi eng Rutsch oder e Sprangbriet sinn.
Bei ville Leit an der Schwämm wier dat net genuch, kritiséiert d’Fataneh Bahrami Pirouz, d’Mamm vum klenge Paydar.