D’Strofbarkeet stellt d’Elisabeth Margue am RTL-Interview direkt kloer. Der Jusitzministesch a delegéierter Ministesch fir Medien a Kommunikatioun sinn aktuell nach keng Fäll oder Denonciatioune bekannt vu Mannerjäregen oder Erwuessener, déi zu Lëtzebuerg duerch d’KI-Instrument “Grok” mëssbraucht gi wieren.
Dat géing awer nach bei de Justizautoritéiten nogefrot ginn. Si sinn nieft BeeSecure iwweregens d’Ulafstell fir Leit, deenen hiert Bild oder eng Foto duerch KI géing mëssbraucht ginn.
Ob Grok, respektiv d’Plattform “X” strofbar wier, well et vu Leit benotzt gouf, fir ënnert anerem Kanner op engem Bild auszedoen, konnt d’Ministesch net beäntweren. Europäesch Reegelen schreiwen de KI-Servicer vir sécherzestellen, datt se net mëssbraucht ginn, fir strofbar Contenuen ze schafen an ze diffuséieren. D’Ministesch huet och drop higewisen, datt d’EU eng Enquête elo och lancéiert huet.
Eng Spär vu Grok géing och d’EU-Kommissioun decidéieren an net d’national Autoritéiten. Vun Zensur, esou ewéi de Chef vu Grok, den Techmultimilliardär Elon Musk d’Reegelen als Zensur bezeechent, kéint een der Elisabeth Margue no net schwätzen. Hei wier ee kloer bei Strofdoten.