
Well d’KI-Instrument “Grok” ënnert anerem pedokriminell Inhalter op Demande produzéiert huet, lafe weltwäit Enquêten. Et ass schwiereg ze soen, ob d’Bedreiwer vu Grok bewosst Feeler gemaach hunn, oder Affer vun hirem Succès gi wieren, mengt de Misch Strotz, Matgrënner vu LetzAI am RTL-Interview. D’Lëtzebuerger KI-Plattform fir Biller a Videoen ze generéieren hätt eng 10 Joer no hirer Grënnung 100.000 Benotzer – virun allem Professioneller. Kann een op LetzAI - esou ewéi et bei Grok geschitt ass - och Kanner ausdoen? “Nee”, esou de Misch Strotz.
Leit an e Bikini setze géing scho goen, mee et géing gewëss “Zensur” ginn. Hien erkläert, datt LetzAI haaptsächlech den Algorithmus Nano Banana vu Google géing benotzen, dee ganz anescht wier, ewéi dee vu Grok. Do géing et Filtere ginn an et kéint een “d’office” keng Biller vu Mannerjärege generéieren. LetzAI hätt nach zousätzlech Filteren: “Mir préiwen och zousätzlech zu deem Bild, dat duerno erauskënnt, wat den User agetippt huet”. D’Bild vun engem Mannerjärege froen, géing net goen a no puer Versich géing et och eng Alerte ginn a LetzAI kéint decidéieren, den Notzer och ze spären.
“Da ginn et och d’Reegelen, déi virop d’Generéiere vu kriminellem Inhalt ënnerbannen”, esou de Misch Strotz. Biller, déi ee mat Prominente generéiere kéint, dierf een net ouni hir Zoustëmmung fir eege Reklamme benotzen.
Dat gesinn och d’Reegelen an der europäescher Unioun notamment vir. Wann eng Foto vun enger Personalitéit benotzt gëtt, kann een déi och net ouni seng Zoustëmmung fir professionellen Zweck benotzen. De Misch Strotz gëtt awer ze bedenken, datt wat an der Theorie gutt kléngt an der Praxis net esou evident wier, well d’Kontroll a sengen Ae net ëmmer méiglech wier.
Eng aner Reegel am Beräich vun der KI an den Deepfakes ass, datt e generéiert Bild ëmmer muss esou gekennzeechent sinn, also erkennbar sinn. De Fachbegrëff ass Watermarking. Dat géing a sengen Ae par konter relativ gutt funktionéieren.
Iwwerdeems de Chef vu Grok de Multimilliardär Elon Musk sämtlech Reegelen ëmmer nees als Zensur bezeechent, gesäit de Misch Strotz dat méi nuancéiert. Fir de Chef vu LetzAI wier et net just eng ideologesch Fro, mee och eng technesch: “Dir wësst ewéi et ass, wann um Internet en Outil e bësse populär gëtt, dann hutt Dir op eemol déi komeschst Leit, déi probéieren den Outil auszereizen”.
D’Fro wier ewéi een eng Zensur op d’Bee setzt, déi den intelligenten Notzer net kann ëmgoen. Dowéinst freet de Misch Strotz sech, ob bei Grok oder Twitter et wierklech “schlechte Wëllen” gewiescht wier oder ob se vläicht Affer vun hirem eegene Succès gi wieren.
Kënschtlech Intelligenz kann de Leit hir Fantasien net ewechhuelen. Dat wier, ewéi wann een engem Kënschtler géing soen, hie soll mat sengem Pinsel just Landschafte molen. Et kéint een awer wuel decidéieren, wat en däerf ëffentlech verbreeden.
Dem Misch Strotz no wier een an enger neier Phas. Un d’Autoritéiten an d’Politik war et säi Message, net méi ze maachen, “ewéi wann alles vun haut op muer geschitt wier” a sech domadder ofzefannen, datt et elo schonn oder an noer Zukunft net méi méiglech wier, e KI-Bild vun engem mënschleche Bild z’ënnerscheeden. Do géing et a sengen Aen dann ëmmer op “d’mënschlech Intelligenz” ukommen.