
D’Caroline Döhmer ass Professer fir lëtzebuergesch Grammatik a Rechtschreiwung op der Uni Lëtzebuerg. Si huet fir d’Zäitschrëft “Forum” en Artikel geschriwwen: Peenis, Pujel, Pissgeschier – Sexuell Wuertfelder am Lëtzebuergeschen tëscht neutralem a vulgärem Vocabulaire iwwert déi verschidde Begrëffer.
Wéi eng Begrëffer stinn am ale Lëtzebuerger Wierderbuch, wat fënnt een haut am LOD a wat ass ëmgangssproochlech oder vulgär. Am PISA erkläert d’Linguistin, wou d’Ausdréck hierkommen, wéi se sech an de leschte Joerzéngte verännert hunn a firwat Männer hei besser ewech komme wéi Fraen.
Tabuthema Sex am PISA - De Wëssensmagazin
Soss nach am PISA: Wat weess d’Wëssenschaft iwwert den Orgasmus? Firwat ka Pornographie sech net just op Kanner a Jugendlecher negativ auswierken? Wéi vill Leit sinn onfruchtbar? Trëfft et éischter Fraen oder Männer? A wat si méiglech Grënn? An eng Sexualpedagogin wëll nieft Kanner och mat Erwuessenen Tabue briechen.