
En Dënschdeg de Mëtteg gouf der Police e Mann gemellt, dee sech op der Aarbechtsplaz vu senger Ex-Frëndin ophale soll a randaléiere géif. Op der Plaz sinn d’Beamte gewuer ginn, datt de Mann senger Ex-Frëndin géigeniwwer handgräiflech ginn ass, si menacéiert huet an och Géigestänn op der Aarbechtsplaz vun der Fra zerstéiert hätt. D’Beamte konnten hie spéider untreffen a festhuelen, nodeems e versicht hat, sech duerch d’Bascht ze maachen. De Mann koum e Mëttwoch de Moie virun den Untersuchungsriichter.
En Dënschdeg den Owend konnt d’Police e Mann an der Rue de Bonnevoie an der Stad festhuelen, dee scho per Mandat d’arrêt gesicht gouf. Wéi d’Beamten de Mann wollte mat op de Policebüro huelen, huet dëse sech onkooperativ verhalen an huet d’Beamten attackéiert, fir da fortzelafen. Kuerz drop konnt hien awer gestallt ginn. Hie koum nach fir eng Visitt bei den Dokter, éier hien an Untersuchungshaft op Suessem koum. E Protokoll wéinst Rebellioun gouf och nach erstallt.
Da mellt d’Police nach divers Abréch, dat an Haiser zu Kielen an zu Houfelt. Ermëttlunge goufen ageleet.