
Wéi d'Police eis confirméiert, ass op der Streck tëscht Miersch an der Stad op der Héicht vun der Gare zu Lëntgen ee Mann vun engem Zuch erfaasst ginn. De Mann huet et net iwwerlieft. De Virfall wier géint 12:02 Auer geschitt, ma wéi laang d'Streck nom Virfall nach muss gespaart bleiwen, konnt d'Police nach net ofschätzen.
Vun den CFL war an engem éischten Ament iwwer Telefon keen ze erreechen, allerdéngs goufen um Site vun den CFL schonn eng Rei Annuléierungen an Ersatzbusser op der Streck annoncéiert. Betraff sinn deemno d'Linne Lëtzebuerg-Ettelbréck-Ëlwen-Gouvy a Lëtzebuerg-Ettelbréck-Dikrech.