
Kuerz no 7 Auer e Méindeg ass et zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen am Pafendall komm. Hei gouf eng Persoun blesséiert, d’Secouristen aus der Stad waren op der Plaz.
Zu Ettelbréck an der Rue Michel Weber gouf da kuerz virun 8 Auer eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert. Hei waren d’Ekippen aus der Nordstad op der Plaz.