Um MëttwochmoienPersoun zu Keel ugestouss, Kollisioun tëscht Camion a Camionnette bei Housen

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moie gouf et op eise Stroossen zwee Accidenter mat jeeweils engem Blesséierten.
© RTL

Um 7.19 Auer gouf zu Keel an der Rue de l’Eglise eng Persoun vun engem Auto ugestouss. D’Ambulanz vun Diddeleng an d’Pompjeeë vu Keel waren op der Plaz, fir dem Blesséierten ze hëllefen.

Kuerz drop um 7.39 Auer sinn dann op der N07 tëscht Housen a Maarnech ee Camion an eng Camionnette net laanschtenee komm. Bei der Kollisioun gouf eng Persoun blesséiert. Hei waren d’Pompjeeën an d’Ambulanciere vun Housen am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO