Eng Méiglechkeet, fir de Kanner déi selwecht Bildungschancen ze bidden, ass eng Alphabetiséierung an hirer Sprooch.
De Pilotprojet “zesumme wuessen” bitt aktuell de Kanner aus 4 Grondschoulen d’Méiglechkeet, op franséisch liesen oder schreiwen ze léieren.
Dee Projet leeft zënter der leschter Rentrée a wann ee positiv Conclusiounen draus zéie kann, kéint een d’Offer, fir iwwerall am Land am Cycle 1 eng Alphabetiséierung op franséisch anzeféieren, fir d’Rentrée 2026/2027 huelen.
Den Ament hunn d’Kanner déi Méiglechkeet zu Schëffleng, zu Diddeleng, zu Uewerkuer an an der Fiels.
De Script war domadder chargéiert ginn, e Konzept auszeschaffen, de Projet duerchzeféieren an dann och z’evaluéieren.
Eng wichteg Missioun fir de Script, well de Projet fir e Paradigmewiessel an den ëffentleche Schoulen zu Lëtzebuerg ka suergen.
“Et ass e Schratt a Richtung méi Chancëgläichheet, respektiv mir ginn de Kanner d’Méiglechkeet, hiert vollt Potenzial auszenotzen a mir ginn den Elteren d’Méiglechkeet, hir Kanner ze begleeden, fir selwer Verantwortung z’iwwerhuelen am Prozess vun der Alphabetiséierung an insgesamt an der Schoul. Eiser Meenung no kënnen op déi Manéier Bildungsongerechtegkeeten am System reduzéiert ginn. Et ass awer och keng Zauberléisung, déi all d’Defien an der Schoul op ee Schlag géif léisen. Dofir ass d’Situatioun zu Lëtzebuerg einfach ze komplex.”, esou den Direkter Luc Weis.
Fir de Minister Claude Meisch ass et eng Plus-Value, wann d’Elteren de Choix hunn, a wéi enger Sprooch hir Kanner alphabetiséiert ginn. Hien hält awer och drop, datt d’Kanner net muttwëlleg getrennt ginn.
“Dofir ginn et getrennte Gruppe fir Sproochenunterrecht a fir Mathematik, well déi Fächer an enger anerer Sprooch ënnerriicht ginn. An deenen anere Fächer kommen d’Kanner awer erëm zesummen, esou datt d’Lëtzebuergescht als Ëmgangssprooch och eng Bedeitung behält.”
Dem Claude Meisch läit um Häerz, datt e Pilotprojet sech méi spéit och verallgemengere léisst. Nach leeft de Projet net laang genuch, mä de Feedback wier awer duerchaus positiv, heescht et vum Script. Den Educatiounsminister geet dovunner aus, datt an der nächster Legislaturperiod eng definitiv Decisioun kann a muss geholl ginn.