
Duerch cibléiert Moossnamen am Beräich vun der Bekämpfung vu Wunnengsabréch huet d'Sektioun Répression du Grand-Banditisme vun der Kriminalpolice en Donneschden am Nomëtteg zu Miesdref bei Miersch, op Uerder vum Parquet, zwee presuméiert Abriecher festgeholl.