Uni.lu um BelvalPolice krut Persoun gemellt, déi op enger Fassad klotere géing

RTL Lëtzebuerg
E Freideg de Moie war eiser Redaktioun e gréissere Policeasaz beim Haaptgebai vun der Uni Lëtzebuerg gemellt ginn.
© Domingos Oliveira

Och d’Pompjeeë wieren op der Plaz gewiescht. D’Police huet eis op Nofro hin den Asaz confirméiert an erkläert, et wier eng Persoun gemellt ginn, déi um Site vun der Universitéit op enger Fassad klotere géif. Esou eng Persoun konnt awer net ugetraff ginn. Beamte vun der Police waren nach eng Zäit op der Plaz bliwwen, fir d’Situatioun am An ze behalen.

Back to Top
CIM LOGO